Hallo all zukünftegen Mamis an jidereen Interesseierten, ech sinn d Magali,  Mama vun zwee Bouwen an mir wunnen un der scheiner Musel. Nodeems ech no der Gebuert vun mengem eischten Jong trotz gesondem Baby net glecklech iwwert den Gebuertsverlaaf war, hunn ech mir geduecht ett misst och aanecht goen. No intensiver Recherche sinn ech op Hypnobirthing gestouss an d Konzept huet mech direkt ugesprach:

Eng Gebuert aktiv materliewen an mam Bebe zesummen schaffen an daat alles mat weineg Peng!

Ett huet schon baal ze schein geklongen an nodeems ech mäin Mann vun der Idee iwwerzeecht haat hunn mier een Cour gebucht. Dei eischt Skepsis war seier verschwonnen an mir hunn eis vill mei selbstbestärkt gefillt an eis richteg op d Gebuert gefreet. All negativ Gedanken an Ängscht sinn ganz einfach opgeleist ginn.

Mier konnten ganz entspaant eng wonnerschein natierlech Gebuert erliewen , dei eis an allem bestärkt huet.

Desst wonnerscheint eenzegaartegt Erliewnis well ech gäeren weiderginn, fier dass all Mama während an no der Gebuert vun hierem Bebe glecklech kann sin.