Beim Hypnobirthing handelt et sech em eng natierlech Gebuertsmethod déi Fraen an hirem Wëssen bestäerkt, dass si eng liicht an natierlech Gebuert erliewen kennen, déi oft mei séier an agreffsarm verleeft. Duerch Opklärung, souwéi mentaler an kierperlecher Virbereedung, kennen d Fraen hiert Kand secher an fräi vun Angscht op d Welt brengen, sou ewéi si et sech wenschen.

Si baséiert op der Theorie vum Dr. Grantly Dick-Read , deen festgestallt huet, dass Fraen déi Péng erwaarden an Angscht do virdrun hun sech net kennen entspanen. Et entsteet ; den Angscht- Verspanung-Syndrom . Dess Verspanung hënnert den natierlechen kierperlechen Gebuertsooflaaf an feiert zu Péng déi oft zu weideren Komplikatiounen an Agrëffer feiert.